Freitag, 27. Juli 2007

den ominéisen griechegen Owend!!!!

Kalispera !
Den Charlie as amgaangen ons eppes Leckeres typesch griecheges ze prépareieren fir den Nowend ze nammen, an dofir verzielen ech lo waat mer geschter fir een „scheinen“ Owend verbruecht hun.
Also mat groussem Honger sin mer geschter Owend op Gavalohori gefuer, wou mer sollten griecheg live Musik gebueden kreien, während mer ons eppes typesch griecheges fiir ze nammen erhofft hun.
Wei soll een deen Owend do beschreiwen?
Kurz und Bündig keint een soen : Ein Satz mit X, das war wohl nix!!!
Bon d’Iessen war net daat waat een sech enert griechegem Iessen firstellt, souguer d Zalot huet net geschmacht, jo an leidergottes war ons dann dono och net mei gudd. Mein Moo huet direkt rebelleiert, an dem Charlie sein an der Nuecht.
Mee wei mer heemkomm sin, hun mir zwee ons mol een richtegen griechegen Owend gemach, an daat mat Sachen aus der Tiefkühltruh, anzwar een Musaka an sou Bliederdeegtäschen an daat ganzt oofgeronnt mat enger Flesch rouden Wein, an daat war absolut perfekt.
Als Fazit zu dem Owend fällt mer do dann just an : Do it your self, be happy!!

Donnerstag, 26. Juli 2007

Fresche Wand am Blog!




Majoo haut as et mol um zweeten Auteur vun der Insel eppes an den Blog ze schreiwen an ze berichten waat mir drei an der lëscht sou gestiicht hun (onsen Dretten im Bunde , eisen Sammy kann jo kaum schreiwen, geif awer direkt lassleen =P, dofir schreiwen ech waat en mer an’t d Ouer flüstert).

Nodems mer zu Chania eng lecker Glace genammt an een gudden Freddocino gedronk haaten, op dei den Charlie mettlerweil sou flippt ;), as et jo weidergaangen an „mein“ Schongbuttek, an Tadaa meng eischt Errungenschaft , an mein Gefill seet mer et soll net bei enger bleiwen, an hun jo nach genug Zeit dofir =D
Den Owend as dann eischter relax verlaaf, wel mer beid midd waren, shoppen as eben dach een Sport ;).

Geschter stoung dann mol eng grouss Botzaktioun um Programm, muss jo och alt sin, waat lo net heeschen soll dat mir Knaschtpitien wieren *grins*,nee mee botzen muss een och alt fir sech weiderhin sou wuel ze fillen, wei bis lo. Mee waat daat ganzt sou unstrengend gemaach huet waren dei 40 Grad, dei nach enerstetzt goufen, zu eisem Nodeel, duerch eng warm Loft.
Mee net nemmen d’Haus as rem Blitzeblank, nee och eisen Sammy as an’t Dusch gestallt gin, an as lo rem sou richteg schein weiss an flauscheg, mee fir wei laang? :p

Desweideren hun mer missen feststellen, dat mer vun Daag zu Daag emmer manner nammen, bedengt duerch die Temperaturen, an dann kachen mer normalerweis just owes eppes klenges, dofir goufen et geschter Crêpen an puer Toasten mat Tzatziki an Thon. :D Daat deet der Linn och gudd ( an manner Spull)=D

Haut den Metten hun mer onsen „Rummy-Krich“ rem opgeholl, an leider steht et lo 6 zu 2 fir den Charlie, mee d’ Revanche kent bestemmt, kann daat net op mir setzen loossen :D

Lo heescht et nach den Sammy an den Pool zappen goen ( deen ons dann emmer bessi austrickst an em den Pool leeft fir den kiirzesten Wee mat der Bibbi zreck :p), dat deen och bessi oofgekillt an midd gemach get, well dann kennen mir ons ganz an Rou ferdeg man fiir op den griechegen Owend, an daat heescht den Nowend brauchen mer weder ze kachen, nach ze spulen. :p
An ma den Moien get et dann nach een Nachtrag fiir ze liesen, mat Fotoen vum griechegen Owend ( also net verpassen und einschalten) =D

Decken Knuddel un ierch all vum Trio Infernale Kretale!
Joli


Dienstag, 24. Juli 2007

Samaria - Souda - Hania!






Fiir keng Lück an eisem „Bericht“ ze hannerloossen, sierf gesoot datt mer eis den Virowend nach mat enger gudder Partie Rummy geschméckt hun, bei där et 2:0 ausgaangen ass... Ech hun awer versprach keng Nimm vun deenen di verluer hun ze nennen, gell du Joli :-P – Mais keng Suerg, hatt kruut seng Revanche den Owend drop, an kann den Emstänn datt ech keng Loscht haat, midd war a souwisou net bei der Saach war, et verdanken, datt mer lo nees quit sin 2:2 :-D

Gescht goung et an enger 4 Stonnen dauernder an 185km laanger Bummelfahrt vun eis aus op Omalos bei d’Samaria Schlucht an iwwert Sougia nees heem! D’Joli war zwar ufanks net grad ganz gudd drop well et vlait awer leiwer na bessi geschloof hätt... Am Endeffekt war et awer frou datt mer gefuer sin, well mir hätten eis allen 2 net erward datt deen Streech do op Omalos sou flott wiir! D’Joli huet emmerhin mei wei ee Film Fotoen verknipst! Jo an ech hun et faerdeg bruecht mer de lenken Ennerarm ze verbrennen... Hun daat iwwerhaapt net réaliséiert gehaat datt d’Sonn sou duerch d’Fenster op main Arm brutschelen géing! :-S

Dei Streck war zwar mat Amenter mei wi abenteuerlech, mais mir hun et gepackt mat eiser Micro Machine, net wei deen Touristebus deen ennerwee gestrand war! :-D
D’Schlucht usech hu mer eis awer net ugedo gehaat ; d’war eis einfach ze warm, a vlait widderhuele mer daat ganzt namol un engem mi kaalen Daag an dann gi mer och bis bessi eran... Awer op kee Fall di 22km :-P

Sougia war net sou deen Hit, haat dem Joli daat awer och well prophezeit well ech jo schon do war. D’freet een sech wiirklech waat d’Leit un engem Kiselstrand fannen... Oder besser gesoot d’Englänner! Jiddferfalls huet de fait alleng datt Sougia an enger schéiner Bucht leit eis net dervun ofgehaalen mol net aus dem Auto ze klammen ; mir sin schnurstracks Richtung Heem gefuer ! :-P

Lo grad si mer vun Hania rem! Haut waren d’Geschäfter dann och Gott sei Dank op, waat een daitlech un de ville Leit an de Stroossen gesin huet! Mais selbstverständlech war ech net mat vun der Partie fiir duerch Geschäfter ze stiermen ouni eng anstänneg Stärkung virdrun… :-D Also goung et mol fiir d’eischt nees a Richtung Eiscafé ;-P
Duerno hu mer eis dun an den Trubel gestierzt, mais mir wossten jo well genee wou mer missten hi kucke goen fiir eppes schéines ze fannen ; a sou war et dann och! D’Joli ass direkt an deem eischten Buttik fündeg gin (do wou et well ee schéint Puer am Fréijoer kaaft haat).
Mais Summa Sumarum war eisen Tour duerch Hania nemmen een Tiirchen haut.

Muer de Moien geet et mol roof a Kalyves, wou mer wärten puer Kommissioune maan, an duerno weider op Souda enner aanerem mol nees bessi Fudder fiir de Sammy akaafen!

Daat war et nees fiir haut vun äere Sonnenanbeter! 8-) Schéine Bonjour an een decken Knuddel @ ierch!!

Sonntag, 22. Juli 2007

Neiegkeeten vun der (n)Insel!






News vu Kreta ! Gescht ware mer nees akaafen woubei eis opgefall ass datt mer amfong net suvill iessen wei soss... Huet wuel mat der Hëtzt zedinn ; a wann dann iesse mer nemmen liicht Saachen!
Gescht gouf et zum Beispill ee kretescht Gebäck waat d’Form vun enger rieseger Schneck a Pizza-Format haat, aus Bliederdeeg mat enger gudder Kréider-Fellung! War wiirklech immens gudd an eng interessant Ofwiesslung zu deem waat een soss sou esst!

Am speiden Nometten nodeems mer akaafe waren si mer nach op Hania gefuer, mat der Meenung datt d’Geschäfter all op wiiren um Samsdeg Metteg, deem dann awer leider net sou war. Egal, daat huet eis net dervunner ofgehaalen fiir d’eischt mol dem Joli die flott Parkheiser hei ze weisen an deenen een fiir eis ganz onkonventionnell sain Auto ofgett an e geparkt kritt! Den Auto enner Daach ass et dun weider gaangen Richtung Maarthaal fiir dann vun do aus beim Degre 0 laanscht eis op eng Terrass setzen ze goen an ee gudden Freddocino an ee Banana Split nammen ze goen, am Gedanken un déi di do secher gäeren mat vun der Partie gewiercht wiiren! Vu que datt eis d’Zait mei wi egal war (daat ass Vakanz! :-D) hu mer eng kleng Eiwegkeet do gesiess an iwwert de kreteschen Verkéier philosophéiert an d’Touristen zu deene mir eis erstaunlecherweis net gezielt hun. Dem Joli huet ganz besonneg een Autofuerer immens gefall deen eis ganz spontan démonstréiert huet datt een Auto och ganz gudd diagonal an eng Parklück passt, amplatz sech laang ze kristillegen fiir daat Dengen saitlech enzwousch ranzequetschen wann een jo dach nemmen 5 Minuten bis enzwousch rageet! :-)

Ee weideren huet einfach mol eng Spuer a Beschlag geholl an an zweeter Réih geparkt, huet d’Warnluuten ugema an ass ganz relax iwwer d’Strooss gaangen fiir sech am Kiosk mol eppes ze fiir ze drenken ze kaafen! :-D – Alles an allem hechst skurrill awer immens flott!
Beim Garçon vum Café hun ech dann och mol direkt di puer griechesch Wieder di ech well kann benotzt a sin, sou mol main Emfannen, domadder ganz gudd ukomm! :-D D’wäert wuel eischter sielen sinn datt een Touri sech d’Méih mecht sech op den Einheimeschen hiirer Sprooch ze kristillegen!

Duerno hu mer dun décidéiert bessi bummelen ze goen, och wann d’Buttiker leider zou waren. Mais daat hällt jo keen dervun oof Fensteren ze kucken ; sou wees ee weinstens wou et derwaert wiir ranzegoen wann d’Geschäfter dann op wiiren!
Bei deem Schaufensterbummel huet d’Joli dann och direkt ee ganz schéint Kleed fond daat him direkt zousoen géing ; hu suguer extra eng Foto dervu gemaach! ;-P ( daat sollt ee klengen awer léiwen Insider-Witz sin, also w.e.g. net op d’Goldwoo léen ! ;-) )


D’Geschäfter all erkundschaft, hu mer eis nees op de Wee Heem gemaach wou mer dun mam Sammy e gudden Tour treppelen waren fiir en direkt duerno bessi am Pool ofzekillen mat senger Bibbi! Dee Klengen ass sichtbar dankbar fiir all Erfreschung di en bei den 39° di mer gescht hei haaten kréie kann!

Haut ass et net manner warm ; mir hu mindestens 40° geschaat, wubei daat warscheinlech eischter ennerdriwwen ass… Mir sin haut definitiv net ouni Klimaanlag hei auskomm… Suguer de Sammy huet d’Hetzt net verdroen an ass krank ginn. Daat haat awer wahrscheinlech och domadder zedinn well en mat eis rauskomm war wie mer de Pool gebotzt hun. Kloer konnt hien dun net schwammen wann ech mat Chimie hantéiren fiir de Pool an der Réih ze haalen… Net datt en herno ausgesait wi dem Noper sain deen well ganz dréif ass… (war mam Joli aus lauter Fiirwelz riwwer luussen :-D)
D’huet sech rausgestallt datt eis „Revisioun“ vum Pool huet absolut missen sin. De Chlorgehalt war dermossen am Keller datt ech décidéiert hun och nach Shock Chlor nozekippen… Muer oder den Nowend gett namol gemooss, mais géing soen datt alles OK ass, emmerhin haat ech jo eng super Anleitung um Computer déi mer beim „Service“ mei wi gehollef huet! :-)

Lo wann et mei ofgekillt huet dobaussen gett d’Terrass nach geschrubbt an duerno botzen mer och eng Kéier grendlechst d’Haus! Muss jo schliesslech och ab und zu sin! :-)

Muer hu mer welles bessi doremmer ze fueren wou d’Joelle dann och sain Fotoapparat mathellt an endlech mol puer schéin Fotoen maache kann! Wou daat genee wäert higoen wesse mer zwar nach net… Ech haat him schon vu Sougia geschwaat, mais mer kéinten genee su gudd Richtung Samaria Schlucht op Omalos fueren! Vlait fanne mer jo och nach eppes interessantes an eisen Reiseführer fiir eng aaner Kéier!
Bis demnächst ierch 4 vun eis en DK mat allem Drumherum!! :-))

Freitag, 20. Juli 2007

Iwwert den Handy geet et net...


Iwwert den Handy kenne mer leider kee Blog schreiwen... Duerfiir probeiren mer eis uergendswei ze organiséiren fiir iwwert den Laptop daat ganzt ze géréiren!

Fiir d'éischt awer mol daat wichtegst : Eis geet et GANZ gudd hei, bei mol mei, mol manner angenehmen 36° (am Noutfall gett einfach d'Klima ugema, dei bei Weitem mei efficace ass wei déi an eiser Micro Machine vun Auto :-D). Ech fiir main Deel setzen lo op eiser gudd löfteger Terrass hei an de Blog ze schreiwen.
Eise Stod klappt einwandfrei, egal a weienger Hisiicht! D'Spull maache mer stets zesummen, genee sou wei Kachen etc pp. Ech denken bis lo iwwertreffen mer suguer deem gréissten Optimist séng Fiirstellungen! ;-)
Eis Commissiounen di mer bis lo haaten hun super geklappt, a mer hun och well gudd giess (den eischten Owend hun ech gekacht ; griechesch Zalot mat Toasten, den zweeten Owend eng gudd Niddelchen mat Moussaka an den dretten Owend huet d’Joli eng griechesch Zalot gezaubert di menger an Naischt eppes nogestaanen huet, mat enger Art gefellten Täschen (soueppes typesch kretesches wou mer den Numm awer net mi wessen!) aus dem Killregal dei mer bei Spar entdeckt hun!)

D'Joli huet lo och well den Dréi raus fiir mam Sammy seng alldeeglech Ronn schwammen ze goen, sou datt mer eis och doranner gudd ofwiessele kennen! (a gefaalen deet him dee Furri och nach wann de Sammy tapfer seng Bibbi rett! :P)
Just de Fait datt en eis Moies um 5 aus dem Bett probéiert ze geheien, well en Honger huet, schmaacht him net su ganz… Mais daat hun ech bis lo jo och nach emmer geregelt a waert et och an Zukunft! Di eischt Sonnestrahlen moies fréi sin fiir mech, Homo Faber, eppes erstaunlech entspaanendes, sou datt ech amfong net vill granzeg sinn moies su fréi raus ze mussen.

Haut war ech mam Joli ee mini Tour duerch d’Nopeschdierfer gefuer an hun him di heemlech kleng Restaurant’en zu Gavalohori gewisen wou d’Terrass ganz vun Olivebeem dicht bedeckt ass, mat deene klengen helzene Dëscher a Still… Nodeems et daat gesin huet war et Feier a Flaam fiir den nächsten Donneschden um 9 Auer dohinner iessen ze goen wann den grieschen Owend do stattfend!

Mir passe géigesaiteg gudd op eis op datt jiddfereen emmer genuch agecrèmt ass éier en an di, Mettes dach onbarmhäerzeg staark, Sonn geet. Schliesslech welle mir jo net wi di üblech Touri’en herno ee Grillmuster um Bauch a Reck hun nodeems mer ugebrand sin op der Chaise Longue! :-P

Mir géingen eis jo bessi Oflenkung, a Form vu Besuch, wenschen an deene 42 Deeg wou mir zesummen hei sin, mais uergendswéi schéngt de Wonsch net unzekommen! Vlait helleft jo di eng oder aaner Foto di mer hei an de blog setzen als Iwwerzeegung… ;-)

Ech fiir main Deel verzweiflen mat deem kreteschen Wues… Uergendswei muss ech eppes falsch maan, well egal weivill ech netzen an em fléiwen, deet sech einfach naischt! :-/ Alt weinstens loossen d’Blummen mech net ganz am Stach!

Su ganz kann ech och net vu mengen aale Gewunnechten ofloossen, duerfiir wäert ech di Deeg mol di stëpseg Micro Machine roof an d’Duerf brengen fiir ee Car Wash! *g* Ech kann dach net di ganzen Zait mat souengem dreckegen Auto rondrem fueren, wou geschwenn kee mei en Nummerscheld hannen gelies kritt, obwuel ech denken datt daat och alt seng Fiirdeeler kéint hun! *fg* ;-) (Daat war just ee Geck, also keng Suergen maan, mir si brav! :-D)

Daat war et lo mol fiir haut mat den News vu Kreta! Mir 2 gin nämlech lo een Tour schwammen, well lo ass d’Sonn grad mei wi agréable! :-D

Schéine Bonjour un ierch 4, Kussen an all daat aanert natiirlech och! :-D
Joëlle & Charlie

Mittwoch, 18. Juli 2007

First Entry!

Hei den eischten Test fiir eisen neien Blog, wou mer vu lo un vum Handy aus drop posten wärten! :)