
Fiir keng Lück an eisem „Bericht“ ze hannerloossen, sierf gesoot datt mer eis den Virowend nach mat enger gudder Partie Rummy geschméckt hun, bei där et 2:0 ausgaangen ass... Ech hun awer versprach keng Nimm vun deenen di verluer hun ze nennen, gell du Joli :-P – Mais keng Suerg, hatt kruut seng Revanche den Owend drop, an kann den Emstänn datt ech keng Loscht haat, midd war a souwisou net bei der Saach war, et verdanken, datt mer lo nees quit sin 2:2 :-D

Gescht goung et an enger 4 Stonnen dauernder an 185km laanger Bummelfahrt vun eis aus op Omalos bei d’Samaria Schlucht an iwwert Sougia nees heem! D’Joli war zwar ufanks net grad ganz gudd drop well et vlait awer leiwer na bessi geschloof hätt... Am Endeffekt war et awer frou datt mer gefuer sin, well mir hätten eis allen 2
net erward datt deen Streech do op Omalos sou flott wiir! D’Joli huet emmerhin mei wei ee Film Fotoen verknipst! Jo an ech hun et faerdeg bruecht mer de lenken Ennerarm ze verbrennen... Hun daat iwwerhaapt net réaliséiert gehaat datt d’Sonn sou duerch d’Fenster op main Arm brutschelen géing! :-S
Dei Streck war zwar mat Amenter mei wi abenteuerlech, mais mir hun et gepackt mat eiser Micro Machine, net wei deen Touristebus deen ennerwee gestrand war! :-D
D’Schlucht usech hu mer eis awer net ugedo gehaat ; d’war eis einfach ze warm, a vlait widderhuele mer daat ganzt namol un engem mi kaalen Daag an dann gi mer och bis bessi eran... Awer op kee Fall di 22km :-P
Sougia war net sou deen Hit, haat dem Joli daat awer och well prophezeit well ech jo schon do war. D’freet een sech wiirklech
waat d’Leit un engem Kiselstrand fannen... Oder besser gesoot d’Englänner! Jiddferfalls huet de fait alleng datt Sougia an enger schéiner Bucht leit eis net dervun ofgehaalen mol net aus dem Auto ze klammen ; mir sin schnurstracks Richtung Heem gefuer ! :-P
Lo grad si mer vun Hania rem! Haut waren d’Geschäfter dann och Gott sei Dank op, waat een daitlech un de ville Leit an de Stroossen gesin huet! Mais selbstverständlech war ech net mat vun der Partie fiir duerch Geschäfter ze stiermen ouni eng anstänneg Stärkung virdrun… :-D Also goung et mol fiir d’eischt nees a Richtung Eiscafé ;-P
Duerno hu mer eis dun an den Trubel gestierzt, mais mir wossten jo well genee wou mer missten hi kucke goen fiir eppes schéines ze fannen ; a sou war et dann och! D’Joli ass direkt an deem eischten Buttik fündeg gin (do wou et well ee schéint Puer am Fréijoer kaaft haat).
Mais Summa Sumarum war eisen Tour duerch Hania nemmen een Tiirchen haut.
Muer de Moien geet et mol roof a Kalyves, wou mer wärten puer Kommissioune maan, an duerno weider op Souda enner aanerem mol nees bessi Fudder fiir de Sammy akaafen!
Daat war et nees fiir haut vun äere Sonnenanbeter! 8-) Schéine Bonjour an een decken Knuddel @ ierch!!

Gescht goung et an enger 4 Stonnen dauernder an 185km laanger Bummelfahrt vun eis aus op Omalos bei d’Samaria Schlucht an iwwert Sougia nees heem! D’Joli war zwar ufanks net grad ganz gudd drop well et vlait awer leiwer na bessi geschloof hätt... Am Endeffekt war et awer frou datt mer gefuer sin, well mir hätten eis allen 2
net erward datt deen Streech do op Omalos sou flott wiir! D’Joli huet emmerhin mei wei ee Film Fotoen verknipst! Jo an ech hun et faerdeg bruecht mer de lenken Ennerarm ze verbrennen... Hun daat iwwerhaapt net réaliséiert gehaat datt d’Sonn sou duerch d’Fenster op main Arm brutschelen géing! :-SDei Streck war zwar mat Amenter mei wi abenteuerlech, mais mir hun et gepackt mat eiser Micro Machine, net wei deen Touristebus deen ennerwee gestrand war! :-D
D’Schlucht usech hu mer eis awer net ugedo gehaat ; d’war eis einfach ze warm, a vlait widderhuele mer daat ganzt namol un engem mi kaalen Daag an dann gi mer och bis bessi eran... Awer op kee Fall di 22km :-P
Sougia war net sou deen Hit, haat dem Joli daat awer och well prophezeit well ech jo schon do war. D’freet een sech wiirklech
waat d’Leit un engem Kiselstrand fannen... Oder besser gesoot d’Englänner! Jiddferfalls huet de fait alleng datt Sougia an enger schéiner Bucht leit eis net dervun ofgehaalen mol net aus dem Auto ze klammen ; mir sin schnurstracks Richtung Heem gefuer ! :-PLo grad si mer vun Hania rem! Haut waren d’Geschäfter dann och Gott sei Dank op, waat een daitlech un de ville Leit an de Stroossen gesin huet! Mais selbstverständlech war ech net mat vun der Partie fiir duerch Geschäfter ze stiermen ouni eng anstänneg Stärkung virdrun… :-D Also goung et mol fiir d’eischt nees a Richtung Eiscafé ;-P

Duerno hu mer eis dun an den Trubel gestierzt, mais mir wossten jo well genee wou mer missten hi kucke goen fiir eppes schéines ze fannen ; a sou war et dann och! D’Joli ass direkt an deem eischten Buttik fündeg gin (do wou et well ee schéint Puer am Fréijoer kaaft haat).
Mais Summa Sumarum war eisen Tour duerch Hania nemmen een Tiirchen haut.
Muer de Moien geet et mol roof a Kalyves, wou mer wärten puer Kommissioune maan, an duerno weider op Souda enner aanerem mol nees bessi Fudder fiir de Sammy akaafen!
Daat war et nees fiir haut vun äere Sonnenanbeter! 8-) Schéine Bonjour an een decken Knuddel @ ierch!!
1 Kommentar:
Komesch, wann d'Männer verleieren, waren se entweder midd oder waren net mat der Saach derbei. Vleit war d'Joli den 2. Owend einfach besser wie's du Charly, wat mengs du dozu???
Samaria Schlucht hate mir eis och net ugedoen, bei der Hetzt esou weit zu Fouss huet eis zreckgehaalen, mee de Wee dohin ass einfach landschaftlech super.
Sin frou dat Joli endlech schwarz Schong fond huet. Si gefaale mir och gudd, hun a Faibel fir spatz Schung.Wanns du elo nach gudd kanns dra goen sin se perfekt.
Nodem et geschter richteg kaal war ( 14 Grad um 10 Auer) kreie mir haut och endlech Sonn, zwar keng 38 Grad wei zu Kreta awer emmerhin 25 Grad.
Iech 2 schengt et jo gudd ze goen, macht virun esou a geneist aer Vakanz.
Ech vermessen iech
DK
Mamm
Kommentar veröffentlichen