Iwwert den Handy kenne mer leider kee Blog schreiwen... Duerfiir probeiren mer eis uergendswei ze organiséiren fiir iwwert den Laptop daat ganzt ze géréiren!
Fiir d'éischt awer mol daat wichtegst : Eis geet et GANZ gudd hei, bei mol mei, mol manner angenehmen 36° (am Noutfall gett einfach d'Klima ugema, dei bei Weitem mei efficace ass wei déi an eiser Micro Machine vun Auto :-D). Ech fiir main Deel setzen lo op eiser gudd löfteger Terrass hei an de Blog ze schreiwen.
Eise Stod klappt einwandfrei, egal a weienger Hisiicht! D'Spull maache mer stets zesummen, genee sou wei Kachen etc pp. Ech denken bis lo iwwertreffen mer suguer deem gréissten Optimist séng Fiirstellungen! ;-)
Eis Commissiounen di mer bis lo haaten hun super geklappt, a mer hun och well gudd giess (den eischten Owend hun ech gekacht ; griechesch Zalot mat Toasten, den zweeten Owend eng gudd Niddelchen mat Moussaka an den dretten Owend huet d’Joli eng griechesch Zalot gezaubert di menger an Naischt eppes nogestaanen huet, mat enger Art gefellten Täschen (soueppes typesch kretesches wou mer den Numm awer net mi wessen!) aus dem Killregal dei mer bei Spar entdeckt hun!)
D'Joli huet lo och well den Dréi raus fiir mam Sammy seng alldeeglech Ronn schwammen ze goen, sou datt mer eis och doranner gudd ofwiessele kennen! (a gefaalen deet him dee Furri och nach wann de Sammy tapfer seng Bibbi rett! :P)
Just de Fait datt en eis Moies um 5 aus dem Bett probéiert ze geheien, well en Honger huet, schmaacht him net su ganz… Mais daat hun ech bis lo jo och nach emmer geregelt a waert et och an Zukunft! Di eischt Sonnestrahlen moies fréi sin fiir mech, Homo Faber, eppes erstaunlech entspaanendes, sou datt ech amfong net vill granzeg sinn moies su fréi raus ze mussen.
Haut war ech mam Joli ee mini Tour duerch d’Nopeschdierfer gefuer an hun him di heemlech kleng Restaurant’en zu Gavalohori gewisen wou d’Terrass ganz vun Olivebeem dicht bedeckt ass, mat deene klengen helzene Dëscher a Still… Nodeems et daat gesin huet war et Feier a Flaam fiir den nächsten Donneschden um 9 Auer dohinner iessen ze goen wann den grieschen Owend do stattfend!
Mir passe géigesaiteg gudd op eis op datt jiddfereen emmer genuch agecrèmt ass éier en an di, Mettes dach onbarmhäerzeg staark, Sonn geet. Schliesslech welle mir jo net wi di üblech Touri’en herno ee Grillmuster um Bauch a Reck hun nodeems mer ugebrand sin op der Chaise Longue! :-P
Mir géingen eis jo bessi Oflenkung, a Form vu Besuch, wenschen an deene 42 Deeg wou mir zesummen hei sin, mais uergendswéi schéngt de Wonsch net unzekommen! Vlait helleft jo di eng oder aaner Foto di mer hei an de blog setzen als Iwwerzeegung… ;-)
Ech fiir main Deel verzweiflen mat deem kreteschen Wues… Uergendswei muss ech eppes falsch maan, well egal weivill ech netzen an em fléiwen, deet sech einfach naischt! :-/ Alt weinstens loossen d’Blummen mech net ganz am Stach!
Su ganz kann ech och net vu mengen aale Gewunnechten ofloossen, duerfiir wäert ech di Deeg mol di stëpseg Micro Machine roof an d’Duerf brengen fiir ee Car Wash! *g* Ech kann dach net di ganzen Zait mat souengem dreckegen Auto rondrem fueren, wou geschwenn kee mei en Nummerscheld hannen gelies kritt, obwuel ech denken datt daat och alt seng Fiirdeeler kéint hun! *fg* ;-) (Daat war just ee Geck, also keng Suergen maan, mir si brav! :-D)
Daat war et lo mol fiir haut mat den News vu Kreta! Mir 2 gin nämlech lo een Tour schwammen, well lo ass d’Sonn grad mei wi agréable! :-D
Schéine Bonjour un ierch 4, Kussen an all daat aanert natiirlech och! :-D
Joëlle & Charlie

3 Kommentare:
daat gesait jo gudd a relax aus dir zwee op der Terrass,
mir si frou dass dir esou gudd eenz gidd a fréen eis iwwer vill schei Biller an vill Nouvellen
een décke Kuss fir iech
bis++++
f&f
Mir sin op fir nach mei esou schein
Fotoen.
Et schengt iech 2 jo gudd ze goen an d'Wieder as jo och herrlech. De moien war hei richteg Ennergangsstemmung.
Dir musst nach just de Sammy emwinnen dass e mei speit Honger kritt an iech net um 5 Auer aus dem Bett geheit well Joelle ass moies net esou frei aus dem Bett ze kreien. Macht virun esou a loost iech et gudd goen
dk
sylvie
Ech gesinn meng Idee ass ukomm, dir hutt aeren blog emgedeeft.
Sylvie
Kommentar veröffentlichen