Kalispera !Den Charlie as amgaangen ons eppes Leckeres typesch griecheges ze prépareieren fir den Nowend ze nammen, an dofir verzielen ech lo waat mer geschter fir een „scheinen“ Owend verbruecht hun.
Also mat groussem Honger sin mer geschter Owend op Gavalohori gefuer, wou mer sollten griecheg live Musik gebueden kreien, während mer ons eppes typesch griecheges fiir ze nammen erhofft hun.
Wei soll een deen Owend do beschreiwen?
Kurz und Bündig keint een soen : Ein Satz mit X, das war wohl nix!!!
Bon d’Iessen war net daat waat een sech enert griechegem Iessen firstellt, souguer d Zalot huet net geschmacht, jo an leidergottes war ons dann dono och net mei gudd. Mein Moo huet direkt rebelleiert, an dem Charlie sein an der Nuecht.
Mee wei mer heemkomm sin, hun mir zwee ons mol een richtegen griechegen Owend gemach, an daat mat Sachen aus der Tiefkühltruh, anzwar een Musaka an sou Bliederdeegtäschen an daat ganzt oofgeronnt mat enger Flesch rouden Wein, an daat war absolut perfekt.
Als Fazit zu dem Owend fällt mer do dann just an : Do it your self, be happy!!
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen