News vu Kreta ! Gescht ware mer nees akaafen woubei eis opgefall ass datt mer amfong net suvill iessen wei soss... Huet wuel mat der Hëtzt zedinn ; a wann dann iesse mer nemmen liicht Saachen!
Gescht gouf et zum Beispill ee kretescht Gebäck waat d’Form vun enger rieseger Schneck a Pizza-Format haat, aus Bliederdeeg mat enger gudder Kréider-Fellung! War wiirklech immens gudd an eng interessant Ofwiesslung zu deem waat een soss sou esst!
Am speiden Nometten nodeems mer akaafe waren si mer nach op Hania gefuer, mat der Meenung datt d’Geschäfter all op wiiren um Samsdeg Metteg, deem dann awer leider net sou war. Egal, daat huet eis net dervunner ofgehaalen fiir d’eischt mol dem Joli die flott Parkheiser hei ze weisen an deenen een fiir eis ganz onkonventionnell sain Auto ofgett an e geparkt kritt! Den Auto enner Daach ass et dun weider gaangen Richtung Maarthaal fiir dann vun do aus beim Degre 0 laanscht eis op eng Terrass setzen ze goen an ee gudden Freddocino an ee Banana Split nammen ze goen, am Gedanken un déi di do secher gäeren mat vun der Partie gewiercht wiiren! Vu que datt eis d’Zait mei wi egal war (daat ass Vakanz! :-D) hu mer eng kleng Eiwegkeet do gesiess an iwwert de kreteschen Verkéier philosophéiert an d’Touristen zu deene mir eis erstaunlecherweis net gezielt hun. Dem Joli huet ganz besonneg een Autofuerer immens gefall deen eis ganz spontan démonstréiert huet datt een Auto och ganz gudd diagonal an eng Parklück passt, amplatz sech laang ze kristillegen fiir daat Dengen saitlech enzwousch ranzequetschen wann een jo dach nemmen 5 Minuten bis enzwousch rageet! :-)

Ee weideren huet einfach mol eng Spuer a Beschlag geholl an an zweeter Réih geparkt, huet d’Warnluuten ugema an ass ganz relax iwwer d’Strooss gaangen fiir sech am Kiosk mol eppes ze fiir ze drenken ze kaafen! :-D – Alles an allem hechst skurrill awer immens flott!
Beim Garçon vum Café hun ech dann och mol direkt di puer griechesch Wieder di ech well kann benotzt a sin, sou mol main Emfannen, domadder ganz gudd ukomm! :-D D’wäert wuel eischter sielen sinn datt een Touri sech d’Méih mecht sech op den Einheimeschen hiirer Sprooch ze kristillegen!
Duerno hu mer dun décidéiert bessi bummelen ze goen, och wann d’Buttiker leider zou waren. Mais daat hällt jo keen dervun oof Fensteren ze kucken ; sou wees ee weinstens wou et derwaert wiir ranzegoen wann d’Geschäfter dann op wiiren!
Bei deem Schaufensterbummel huet d’Joli dann och direkt ee ganz schéint Kleed fond daat him direkt zousoen géing ; hu suguer extra eng Foto dervu gemaach! ;-P ( daat sollt ee klengen awer léiwen Insider-Witz sin, also w.e.g. net op d’Goldwoo léen ! ;-) )

D’Geschäfter all erkundschaft, hu mer eis nees op de Wee Heem gemaach wou mer dun mam Sammy e gudden Tour treppelen waren fiir en direkt duerno bessi am Pool ofzekillen mat senger Bibbi! Dee Klengen ass sichtbar dankbar fiir all Erfreschung di en bei den 39° di mer gescht hei haaten kréie kann!
Haut ass et net manner warm ; mir hu mindestens 40° geschaat, wubei daat warscheinlech eischter ennerdriwwen ass… Mir sin haut definitiv net ouni Klimaanlag hei auskomm… Suguer de Sammy huet d’Hetzt net verdroen an ass krank ginn. Daat haat awer wahrscheinlech och domadder zedinn well en mat eis rauskomm war wie mer de Pool gebotzt hun. Kloer konnt hien dun net schwammen wann ech mat Chimie hantéiren fiir de Pool an der Réih ze haalen… Net datt en herno ausgesait wi dem Noper sain deen well ganz dréif ass… (war mam Joli aus lauter Fiirwelz riwwer luussen :-D)
D’huet sech rausgestallt datt eis „Revisioun“ vum Pool huet absolut missen sin. De Chlorgehalt war dermossen am Keller datt ech décidéiert hun och nach Shock Chlor nozekippen… Muer oder den Nowend gett namol gemooss, mais géing soen datt alles OK ass, emmerhin haat ech jo eng super Anleitung um Computer déi mer beim „Service“ mei wi gehollef huet! :-)
Lo wann et mei ofgekillt huet dobaussen gett d’Terrass nach geschrubbt an duerno botzen mer och eng Kéier grendlechst d’Haus! Muss jo schliesslech och ab und zu sin! :-)
Muer hu mer welles bessi doremmer ze fueren wou d’Joelle dann och sain Fotoapparat mathellt an endlech mol puer schéin Fotoen maache kann! Wou daat genee wäert higoen wesse mer zwar nach net… Ech haat him schon vu Sougia geschwaat, mais mer kéinten genee su gudd Richtung Samaria Schlucht op Omalos fueren! Vlait fanne mer jo och nach eppes interessantes an eisen Reiseführer fiir eng aaner Kéier!
Bis demnächst ierch 4 vun eis en DK mat allem Drumherum!! :-))
2 Kommentare:
Also eng Klimaanlag brauche mir definitiv net hei bei knapps 19 Grad.Freet eis awer ze heieren dat et iech esou gudd geht.
Ass awer och a super Kleed wei dem Joli sei Bleck verreit!!!!!!
Op Kreta hätt ech also och kee Problem an eng Parklück eran zekommen. Diagonal brengen ech och faerdeg.
DK Sylvie
Hallo op d´(n)Insel,
Ech hu jo scho esou munch Foto vum Jolie gesin, mais di mam Freddochino (mam Schalimo am Mond) ass meng absolut Lieblingsfoto, daat ass relax pur, genee daat wat ee sech fiir d´Vakanz ka viirstellen, an ech hoffen dass hatt dovun genuch tanke kann...
Aere Stoot fonktionnéiert 1a, dorunn haate mir souwisou keen Zweifel.
Ech sinn awer der Meenung dass mer d´Jolie eischter emmgewinnt kriiten wéi den Sammy(bei deem dominéiren nun eeben mol den Honger an d´Bloos).
@ Jolie daat Kleed gefällt mir och ;))) ganz gudd !!!
@ Charlie maach dir keng zevill Suergen wéint dem Pool, spéitsdens wann futtis OY-OY´en an Moos dra schwammen, hues du eppes falsch gemaach :)
Mir kussen iech ganz léif a fest an fréen eis op de Bericht vun Omalos,
Mom + Dad
Kommentar veröffentlichen